Startsait
Programm
Sponsoren
Iwer mech
Meng Frenn
Meng CD
Flott Links
Liddertexter
100 Joer Feier
Krozelbuch
Fotoalbum
Spass an Fun
Kee Promill !!!
Disclaimer

 

 ETZELLAS-LIDD

HAAPTMENU Allez Etzella Bei eisem FC... Etzellas Lidd Total verreckt Kadetten...

( Textautor : GRETTNICH John 70er Joeren )

( Melodie Siegfriedschlass )

 

Zu Ettelbréck e Verein mir hun,

F.C. Etzella ass sein Numm

Séng Spiller si vu guddem Holz

An hire Numm dron sie mat Stolz

Etzella Spiller sin zolitt, si sin zollit,

Wan et gëlt stin si a Reih a Glidd, a Reih a Glidd

 

Refrain

 

  Wa mir wéiss blô um Terrain stin,

Kann all schéint Médchen ons gesinn

Wa mir wéiss blô um Terrain stinn

Kann all schéint Médchen ons gesinn.

 

Munch schwéire Match hu mir gewonn

Dât könne mir ons ro’heg so’en

A wor de Gegner nach so hart

Mir hun dach niemols hien gefârt

Etzella Spiller sin zolitt, si sin zollit,

Wan et gëlt stin si a Reih a Glidd, a Reih a Glidd 

Refrain

A krute mir och mol eng Schlapp

Hu mir nach nie verluer de Kapp

De néchste Sonndeg sti mir fest

Etzella Spiller mân hirt bescht.

Etzella Spiller sin zolitt, si sin zollit,

Wan et gëlt stin si a Reih a Glidd, a Reih a Glidd

 

Refrain

 

A sin ons Spiller âl a grô

Dann ass ons Jugend schon rem do

Well jidder Ettelbréker Jong

Ass én Etzella Spiller am Fong

Etzella Spiller sin zolitt, si sin zollit,

Wan et gëlt stin si a Reih a Glidd, a Reih a Glidd

 

Refrain 2 x

 

©2006 eenoldie.lu -